Se rendre au contenu
Produktioun vu Kappstand
Iwwer eis

Véier Frënn.
Eng Iddi.
Op de Kapp gestallt.

Mir sinn véier jonk Lëtzebuerger – a mir wëllen déi bescht Alternativ am Land ginn.

Wéi alles ugefaangen huet

Et huet am Lycée ugefaangen – mat enger Mini-Entreprise an enger Fro: Wat kënne mir maachen, dat jiddereen notze kann – ouni dobäi eise Wäerter ontrei ze ginn?

Wat als Schoulprojet ugefaangen huet, hu mir net méi lassgelooss. Joer fir Joer hu mir eis Iddi weiderentwéckelt: Rezept getest, verworf, nach eng Kéier getest – bis de Goût gestëmmt huet.

Am November 2025 hu mir de grousse Schrëtt gemaach a Kappstand Sàrl-S gegrënnt. Haut produzéiere mir mam „Den Heischter“ de Kappstand, deen Dir all esou gär hutt.

Den Numm? Dat ass eng Geschicht fir sech – frot eis einfach, wann Dir eis um Stand begéint.

Vun der Schoulbänk

Vun enger Iddi am Klassesall zu enger richteger Firma.

Véier Frënn, déi net opgehalen hunn, wéi d'Schoulprojet eriwwer war.

D'Kappstand-Team um Stand
4
Kandheetskolleegen
Kapitel 1
Mini-Entreprise
Eist éischt Projet – nach an der Schoul.
Kappstand 6er Pack um Stand
Nov.2025Sàrl-S gegrënnt
Eise Wee

Schrëtt fir Schrëtt.

Mir wuessen net iwwer Nuecht – mä mir wuessen. All Schrëtt gëtt richteg gemaach, ier deen nächsten kënnt.

1
Am Lycée

D'Mini-Entreprise

Véier Frënn, eng Fro an e Schoulprojet. Hei ass d'Iddi vu Kappstand entstanen.

2
Joer fir Joer

Weider ausgebaut

Mir hunn net opgehalen: Rezept verbessert, Fläschen, Etiketten a Cajoten – ëmmer e Stéck méi.

3
November 2025

Kappstand Sàrl-S

Aus dem Schoulprojet gëtt eng richteg Firma. De grousse Schrëtt ass gemaach.

4
Elo

Produktioun mam „Den Heischter“

Haut produzéiere mir mam „Den Heischter“ de Kappstand, deen Dir all esou gär hutt – a bréngen e Stéck fir Stéck an d'ganzt Land.

★
Eist Zil

D'Nummer 1 Alternativ

Wann zu Lëtzebuerg een eng Limonad bestellt, soll hien un eis denken. Dofir schaffe mir all Dag.

Fir wat mir stinn
01Vun hei. Fir hei.Lëtzebuerger, déi fir Lëtzebuerg produzéieren.
02Manner Zocker. Kee Kompromëss.Méi Zitroun, manner Zocker – de Goût bleift.
03Fir jiddereen. Mat Wäerter.Eng Limonad fir all Dag – ouni eis selwer ontrei ze ginn.
04Kleng ugefaangen. Grouss Ziler.Vum Klassesall bis an d'ganzt Land.
Sidd dobäi

Gitt en Deel vun eiser Geschicht.

All Fläsch, déi Dir kaaft, hëlleft eis, de nächste Schrëtt ze maachen. Merci!

Kappstand probéieren → Kontaktéiert eis